『MIKROSKOP』のカバーアート

MIKROSKOP

MIKROSKOP

著者: CSV Fraktioun
無料で聴く

概要

An dësem Podcast huele mer d'CSV-Deputéiert ënnert d'Lupp, oder besser gesot, de MIKROSKOP. Dir léiert déi 21 CSV-Deputéiert privat a politesch besser kennen. 政治・政府 政治学 社会科学
エピソード
  • #14 - Marc Lies
    2026/03/26
    No iwwer 25 Joer an der Gemengepolitik, no iwwer 15 Joer Buergermeeschter, huet de Marc Lies d'lescht Joer ënnert net ganz einfache Konditiounen demissionéiert. An der neister Episod vun MIKROSKOP kuckt de Marc Lies zeréck op déi vill schéin a manner schéi Momenter an der Kommunalpolitik. Firwat ass Politik haut méi schwéier, wéi nach virun engem Véierels Joerhonnert, wéi kritt Hesper de Verkéiersproblem an de Grëff, wéi gesäit dem Marc seng Aarbecht an der Chamber aus a wat mécht de fréieren Izeger Futtballspiller haut a senger Fräizäit ? Dat a Villes méi gitt der an dëser Episod vum Podcast vun der CSV-Fraktioun gewuer.
    続きを読む 一部表示
    25 分
  • #13 - Georges Mischo
    2026/03/12
    No 2 Joer als Aarbechts- a Sportminister, ass de Georges Mischo zanter Uganks des Joers erëm Deputéierten um Krautmaart. Am Podcast Mikroskop schwätzt hien iwwert seng politesch Karriär. De groussen Erfolleg mat senger Ekipp zu Esch an awer och seng Demissioun zejoert als Minister. De Georges Mischo ass Sportler an also och Kämpfer. Hien ass motivéiert nach vill an der Politik ze bewierken.
    続きを読む 一部表示
    38 分
  • #12 - Jean-Paul Schaaf
    2026/01/16
    Ronn 20 Joer war de Jean-Paul Schaaf Buergermeeschter vun Ettelbréck, an och elo, als éischte Schäffe vun der Patton-Stad, läit him seng Heemecht an d'Nordstad nach ëmmer um Häerz. Mir schwätzen an dëser Episod iwwert déi geplangte Fusioun vu 4 Gemengen, mä natierlech och iwwert d'Aarbecht vum Jean-Paul Schaaf an der Chamber.
    続きを読む 一部表示
    35 分
まだレビューはありません